mat lénks by Déi Lénk published on 2023-09-21T08:42:23Z Mat lénks (Wierder & Musek: Serge Tonnar. 2023) 1 Lénks, dat ass do wou net riets ass Lénks, dat ass wou däin Häerz schléit Lénks, dat ass wou s Du doheem bass Lénks heescht Solidaritéit Refrain Lauschter d'Stëmm, du hues näischt ze verléieren Lauschter d'Stëmm, si kënnt vu bannen A wann s du dech léiss vun hir féieren Dann hues du alles, alles ze gewannen Mat lénks! 2 Lénks, dat ass e gellegt Passwuert Lénks, de Schlëssel fir d'Fräiheet Lénks, wou jiddereen eng Plaz huet Lénks heescht Kampf fir Mënschlechkeet Refrain 3 Lénks, dat ass de leschten Auswee Lénks huet Virfaart, fro net wéi Lénks wou 't aus dem Labyrinth erausgeet Lénks seet Häerz, Verstand a Séil Refrain 4 Mat lénks ass et wou mir eis wieren Mat lénks well de System eis all krank mécht Mat lénks marschéiere mir duerch d'Liewen Mat lénks bis dass den Doud eis rifft bei sech 5 An du weess, wann d'Häerz ophält mat schloen Wanns Du gees, da kucks kuerz no hannen An du sees Äddi ech muss elo goen An iech bleift alles, alles ze gewannen